AvEx as d’Ofkierzung vun Aventuren an Explorer, dat sin Jugendlecher, Meedecher an Jongen, tëschent 11 a 14 Joer. Am Verband vun den Lëtzebuerger Guiden a Scouten gin et zur Zäit 55 AvEx-Truppen verdeelt duerch d’ganz Land, mat 899 Jugendlechen an 249 Cheftainen a Chef. An dene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Aventuren- a Explorertruppen. AvEx treffen sech regelmeisseg, 1 mol an der Woch fier eng Versammlung ze maachen. 

AvEx maachen Expeditiounen dei iwwer mei Versammlungen daueren, ewei z.Bsp. mam Thema : Natur, Ritter, Fuesend,… AvEx maachen och normalerweis all Trimester ee Weekend an engem Chalet, meechtens als Oofschloss vun enger Expeditioun. 

AvEx schleissen hiert Guiden- a Scoutsjoer mat engem groussen Camp, wou se dann an Zelter schlofen.

Avex

Versammlung

Samschdes

10:00 – 12:00