D’ RaRo sinn déi iewescht Branche am Verband. Bedéngt duerch den Alter, kënnen bei den RaRo Aktivitéiten duerchgefouert ginn, déi an aner Branchen schlecht bis guer net duerchzeféiere sinn.
 
 
D’ RaRo mussen wichteg Entscheedungen treffen – sief dëst bei der Wahl vum Beruff, sief dëst bei der Wahl vum Liewenspartner,…. Den RaRo muss sech fir een Wee entscheeden, vun dohier och den Numm vun eiser Branche: d’ Route.
 
 
D’ Zil vun der Branche ass et, den Jugendlechen duerch verschidden Aktivitéiten, Aktiounen op dem Wee zum Erwuessenen ginn ze ënnerstëtzen. D’ Method RaRo gëtt him heibäi een Kader, an deem hien sech, seng Perséinlechkeet no den Prinzipien vum Verband vun den LGS kann entwéckelen.
 
 
Den Grupp vun RaRo nennt sech den Clan. Den Clan trefft sech regelméisseg, sou wéi déi aner Branchen och, an den Versammlungen. Hien setzt sech selwer Zieler an Regelen. D’ RaRo schaffen zesummen, huelen hier Décisiounen zesummen, an der Zesummenaarbecht mat der Cheféquipe. Mir schwätzen hei vun Cogestioun.
 
 
Wéi bei den CaraPio gëtt bei den RaRo um Enn vum Projet een Bilan gemaach. Den groussen Prinzip ass et, dass den RaRo soll eegestänneg schaffen: d’ RaRo décidéieren, wat gemaacht gëtt, d’ RaRo plangen hiren Projet, si zéien en eegestänneg duerch – an der Cogestioun mat den Chef an mat der eegener Verantwortung. Maachen ech als Eenzelen net, wat ech ugeholl hunn, sou funktionéiert den ganzen Projet net…

Raro

Versammlung

Sonndes