Als Wëllefche probéieren ech e gudde Frënd ze sinn; halen ech mech fit a passen op mäi Kierper op; probéieren ech frou ze sinn an halen duer, och wann et Krämpes kascht; léieren ech meng Ëmwelt kennen a passen drop op; wëll ech am Ruddel gutt matschaffen a si bereet aneren ze hëllefen.

Et gëtt kee perfekte Wëllefchen erwaart, an et soll kengem Kand eppes opgezwonge ginn. Am Ruddel gëtt awer probéiert op dës Ziler hin ze schaffen. D’Wëllefcher si just eng Etapp um Kand sengem Wee zum Erwuesseginn. An deenen anere Branchë ginn dës Ziler weider verdéift. Och a sengem Liewen ausserhalb vum Ruddel sollen dës Iwwerzeegungen d’Kand begleeden. Wëllefche respektiv Guide/Scout sinn hält net no der Versammlung op, mee soll eng Liewensastellung ginn.

Dës Ziler kënne mer awer nëmmen erreechen

– wa mir et fäerdeg bréngen, datt d’Kanner op hir Manéier verstinn, wat dës Ziler heeschen;

– wa mir si motivéiert kréien, op dës Ziler hin ze schaffen.

D’Astellung vum Chef huet heibäi eng zentral Roll. Nëmme wann de Chef dës Iwwerzeegunge virlieft a vermëttelt, kënnen d’Wëllefcher se verstoen an unhuelen. 

Wellef

Versammlung

Samschdes

10:00-12:00