Leif Guiden a Scouten,

 

den Weekend vum 14 a 15 Dezember ass eisen éischten Gruppeweekend zu Monnerech fir dëst Scoutsjoer.

 

Den Gruppeweekend geet Samschdes um 10:00 Auer un an dauert bis Sonndes 13:30 Auer. Samschdes um 10:00 Auer ass Rendez-vous beim Chalet zu Monnerech (rue de Pontpierre, 3940 Mondercange). Um 13:30 Auer musst dir är Kanner op Monnerech sichen kommen, hei maachen mer nach en klengen Chreschtofschloss mat Glühwäin an Kuch.

 

Fir Iech definitiv unzemellen, iwwerweist wgl. € 30 (Raro: € 45) op dem Scoutscompte LU49 0090 0000 7183 4410 bis spéitstens Dënschdes, den 10 Dezember.

Wat mussen mer apaken?

 

– Kleeder fir all Wieder

 

– Schlofsack

 

– Toiletten- an Duschsachen

 

– Täscheluucht