Wëllkomm op der Säit vun den Guiden a Scouten Grand-Duc Jean Bieles Zolwer. Mer sinn en Guiden a Scoutsgrupp aus der Gemeng Suessem. Eisen Grupp gëtt et offiziell säit dem Joer 2022 an et ass en Fusiounsgrupp aus den zwee Bieles Gruppen Don-Bosco Metzerlach an Saint Paul Bieles.
Eist Guiden/Scoutshome steet an der Dicks Lentz Strooss, zu Bieles. Hei starten alleguer Branchen an hir Versammlungen, déi esou vill wei méiglech am Bësch stattfannen.
Kanner, Jugendlecher an och Erwuessener hunn bei eis Méiglechkeet Member bei den Biber, Wëllef, Avex, CaraPio, Raro an Albatrossen ze ginn. Natierlech sinn och zukünfteg Chef Wëllkomm.